Skip to main content

Iwwer eis

Mindful Solutions asbl ass 2025 vun engem erfuerene Psycholog an enger passionéierter Sozialpädagogin gegrënnt ginn. Mat zesummen iwwer 20 Joer Erfarung am Beräich vun der mentaler Gesondheet hu si sech een Ziel gesat: Mënschen op eng ganzheetlech Aart ze begleeden an e Gemeinschaftsgefill entstoën ze loossen. Et geet ëm méi wéi just Techniken – déi perséinlech Entwécklung gëtt richteg geliewt, mat Kreativitéit, Achtsamkeet, somateschen Erfahrungen, Naturverbonnenheet.


Woufir mir stinn

Kreativitéit

Kreativitéit als dreiwend Kraaft sech selwer ze entfalen an ze entwéckelen

Selbst-Regulatioun

Nëmmen e Kierper, dee sech sécher fillt, ka sech weiderentwécklen

Wertungsfräiheet

Mir gleewe fest un déi staark Heelwierkung vun enger wertungsfräier Haltung, déi net nëmmen d'Verbonnenheet mat sech selwer, mee och mat senge Matmënsche stäerkt.

Eis Projeten

Dëse Projet bréngt Jugendlechen an Erwuessenen e wäertvollen Ausgläich zum stressechen Online-Alldag.


Am Workshop gëtt d’Method vun der NeuroGraphik® genotzt, fir den Alldagsstress hannert sech ze loossen an zur Rou ze kommen.


De Workshop gëtt vum Myriam Otto, NeuroGraphik®-Spezialistin, diploméiert Sozialpädagogin a Grënnerin vum Kreativatelier geleet.